14, Rue de la Résistance L-5401 Ahn

Grupp St Jean Baptiste

  • Wëllkomm op der Internetsäit vum Grupp Saint Jean-Baptiste Wormer.

    De Grupp Saint Jean-Baptiste Wormer ass e jonken an dynamesche Scoutsgrupp, mat ronn 60 aktive Memberen.

    Zanter 2013 huet eise Grupp am neien Home Saint Jean-Baptiste zu Ohn säin Doheem fonnt.

    Dësen Home bitt niewent de Raimlechkeeten, déi eise Grupp fir seng Aktivitéite brauch och Iwwernuechtungsméiglechkeeten fir aner Scouts- a Jugendgruppen vu bis zu 20 Leit.

  • Wormer Scouten, e klengen Historique:

    1958 gouf déi éischt Scoutstrupp hei zu Wormer gegrënnt, d’ Fräi Patrull Möw, déi bis an d’60er Joren aktiv war

    1959 gouf dunn am Centre socio-educatif zu Dräibuer op Initiativ vum Dr. Richard an dem Jean Welter d’Trupp Jean XIII gegrënnt, si huet bis 1968 eegestänneg funktionnéiert an ass dunn an d’Gammascouten agegliddert ginn.

    1975 gouf dunn d’ Trupp vun de “Scouts Européens” an d’Liewe geruff, si stellt den Ufank vum haitege Grupp duer.

    1983 as de Grupp bei d’Lëtzebuerger Scouten a bei d’Lëtzebuerger Guiden iwwergaang. No der Fusioun vun deenen 2 Verbänn ass de Grupp Saint-Jean Baptiste elo bei den LGS, de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

    Zanter 1987 huet de Grupp Saint Jean-Baptiste eng Partnerschaft mat dem VCP-Stamm vun Dornstetten aus dem Schwarzwald.